top of page

mir sinn, de ...

Misch Volkmann

"Mat 17 Joer hunn ech meng éischt E-Gittar kritt. Mat Begeeschterung hunn ech all Lidd dat mir gefall huet, no Gehéier eraus gelauschtert an nogespillt, an esou ass mäi Wonsch, Musek vu Grond op ze studéieren, gewuess. Mat 22 Joer hunn ech mech am Conservatoire ageschriwwen, fir klassesch Gittar ze studéieren. Schonn ee Joer nom Ufank vum Studium hat ech d‘Chance kritt, an der privater Museksschoul „Cavem“ eng Plaz als Gittarsproff ze kréien. No mengem Studium sinn ech an „d'Ecole de Musique de l'UGDA“ (Union Grand-Duc Adolphe) gewiesselt. An dëser Museksschoul sinn ech nach haut als Museksproff aktiv, an natierlech hunn ech iwwert Joren och ëmmer a Bands a Coverbands gespillt a war och als Studio-Museker u ville verschiddene Produktioune bedeelegt. Aktuell widmen ech mech haaptsächlech dem Komponéieren an Arrangéiere vu Pop-Songs.

Mäin Haaptzil ass, Spaass un der Musek ze hunn a jonk Sängerinnen a Sänger op hirem Wee zum Erfolleg ze ënnerstëtzen."

hkmastering 06_edited_edited.jpg

Heng Kleren,

… warscheinlech, well ech an enger Musekerfamill gebuere sinn, huet Musek vu klengem un eng ganz grouss Roll a mengem Liewe gespillt. Mat 6 Joer un goung et an de Conservatoire, fir Solfège an Trompette ze léieren. Mat 12 Joer hunn ech d‘Instrument gewiesselt an hu den eBass als Haaptinstrument gewielt. Vun 1976-1995 war ech Bassist bei den CHALLENGERS - do derniewent hunn ech nach bei aner Bands gespillt, ewéi bei ATMOSPHER (G. Waltzing), PLAYTIME (Gast Gnad, Al Ginter), NO ALIBI (Änder Hirtt), ELECTRIC BLUES BAND, VAN CORPORATION (Ab van Goor) oder MURPHYS LAW (eege Band , Pop, Soul, Funk, Fussion) a.v.a. 

Eng Vocatioun huet mech zur Musekserzéiung gezunn, déi ech un der Trossinger Museksakademie an um Mozarteum zu Salzburg, studéiert hunn. Eng Rei Audioproduktiounen, ewéi ënnerenaner  „Zinglabummserien“ an eng Partie Kannerhörspiller sinn a mengem Tounstudio produzéiert ginn. Un der „Mastering Academy Hamburg“ hunn ech spéider nach meng Formatioun als  „certified mastering engineer“ gemaach - an de Mastering ass bis haut, niewend dem Bassspillen - zu enger Passioun ginn. 

IMG_1954.JPG

Christian Krier

Wéi bei esou ville Lëtzebuerger Museker huet mäi musikalesche Wee säin Ursprong Mëtt de 90er an der lokaler Bandszene fonnt. An deene Joren, di do komm sinn, hat ech d´Chance, a verschidde Formatioune Keyboards kennen ze spillen, wéi zum Beispill an de Bands Lifewire a Pale Obsession, an och hat ech d´Méiglechkeet, op grousse Bünen ze stoen a mat renomméierte Museker a Produzenten ze schaffen, dorënner e.a. d´Mix-Ingénieuren vu Queen a Within Temptation. Meng klassesch Solfège- a Piano-Ausbildung am Conservatoire, so wei och mäin ëmmer méi wuessende Faibel fir Filmmusek an Tountechnik, hu mech 2017 zu gréisse Changementer a menger musikalescher Carrière geleet: D'Bandliewen sollt iwwert di nächst Joren ersat ginn duerch weider Ausbildungen an der Orchestratioun an och an diverse Beräicher vun der Tountechnik - mat Schwéierpunkt um Mixing. Dëst huet mir erméiglecht, e laangen Dram endlech wouer ginn ze loossen an all di Erfarungen, di ech bis dohinner konnt sammelen, a mengem eegene Mix-Studio ëmzesetzen. A menge Produktiounen an dësem neien Ëmfeld konnt ech all meng Kreativitéit ausliewen, wat mir glécklecherweis nei Dieren an nei Collaboratioune mat anere Museker, Produzenten an Ingenieuren erméiglecht huet.

Sou wéi bei hinnen och läit meng Passioun an der Musek selwer, onofhängeg dovunner, wéie Bäitrag ech dobäi hunn dierfe leeschten. Fin de compte ass et dat, wat eis alleguerte matenee verbënnt a firwat mir esou vill Häerzblutt doranner stiechen.

  • Facebook
  • YouTube
bottom of page