top of page

... hei sinn den Misch Volkmann, Heng Kleren a Christian Krier.

Mir sinn „Funky Baby Records“ (FBR) a bidden jonken Talenter (Sänger*innen) gratis Museksproduktiounen un, dat heescht:

 

d‘Kompositioun, d'Arrangement, d'Opnam, de Mix a Mastering.

 

Mir sinn „al“ Huesen aus der Museksszeen a gi gären eis Erfahrungen un di Jonk weider, ouni Geld duerfir ze froen.

Bis dann villäit geschwënn mat eis am Studio ,

léif Gréiss,

Misch, Heng, Christian 👍

De Wee vum Kandidat:

 - de Kandidat schéckt eis eng eegen Handy-Video-Opnam, mat sengem live Gesang

 - FBR décidéiert am Grupp, ob et zu enger Zesummenaarbecht kënnt - heibäi spillen Intonatioun a Présentatioun vum Sänger*inn eng fundmental Roll

 - de Kandidat gëtt an de Studio invitéiert, wou him verschidden Lidderproposen gemaach ginn

 - huet de Kandidat sech fir e Lidd entscheed, kritt hien vun FBR en eMail mat den Erklärungen a Bedéngungen - dësen muss virun der Opnam confirméiert un FBR zeréckgeschéckt ginn

 

  • Facebook
  • YouTube
bottom of page